Retromania
Jon Lord: "E klassesche Museker an der Rockmusek"
12 min
Den Jon Lord, Ex-Organist, Pianist a Keyboarder vun der Kultrockband Deep Purple war méi wéi eemol zu Lëtzebuerg, sief et eben als Rockmuseker, mee awer och mat senger klassescher Musek. Notamment am Joer 2003, wou hien hei zu Lëtzebuerg als europäesch Première säi klassescht Wierk "Boom of the Tingling Strings" presentéiert huet.
Dem Jon Lord säin Wierk gouf kuerz virdrun zu Melbourne an Australien uropgeféiert. Den Jon Lord, deen de 16. Juli 2012, also virun zéng Joer gestuerwe war, war 2003 speziell fir dëse Concert op Lëtzebuerg komm, an de Jean Claude Majerus huet sech deemools mam sympatheschen Ex-Deep Purple ënnerhalen.