Sot emol
Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
De fréieren Vëlosprofi Lucien Didier war tëschent 1978 an 1984 direkt sechs Mol um Depart vun der Grande Boucle. De Lucien Didier ass fir d'Equipe Renault deemools gefuer, an hie war bei véier vu fënnef Schlussvictoirë vum Bernard Hinault an zwee Mol beim Laurent Fignon mat derbäi. Dernieft ass de Lucien Didier och zwee Mol d'Vuelta, den Tour duerch Spuenien an den Giro d'Italia gefuer. Mat och nach Champion-Titelen zu Lëtzebuerg, zwou Victoirë beim Tour duerch Lëtzebuerg, war zwee Mol bei Olympesche Spiller. 1972 zu München an 1976 zu Montreal derbäi an hie war Sportler vum Joer.
De Lucien Didier an dat huet de groussen Bernard Hinault selwer gesot, war dacks um Dill fir säi Chef d'Equipe de Bierg mat eropzehuelen, wat de Lëtzebuerger Coureur och normal fënnt, well si ebe fir den Hinault gefuer sinn. A bis haut huet de Lucien Didier och en enke Kontakt mam Bernard Hinault. Si telefonéieren dacks mateneen oder si gesi sech op Courssen.
"An hie war och hei beim Laurent op der Hochzäit, mir hu schonn e gudden Kontakt, an ech kann nëmmen dee Mann do respektéieren."
19. Juli 1984: 20. Etapp vu Morzine op Crans Montanna
Dëst war wärend dem Lucien Didier sengem leschten Tour de France awer eng ganz besonnesch Etapp, well genee op deem Dag koum dem Lëtzebuerger Sportler vu Joer säi Fils Laurent, dee spéider och Vëlosprofi gouf, op d'Welt . An no der Arrivée wollt de Lucien Didier just nach heem telefonéiere fir gewuer ze ginn, wéi et senger Fra a sengem Fils geet. Mee dat war net esou einfach, am Hotel waren Telefonen all besat a virun der Telefonskabinn am Duerf stoung och eng Schlaang. A wéi de Lucien Didier do stoung ze waarden, ass e Lëtzebuerger laanscht gaangen an huet gefrot, wat hien dann do géif maachen.
"Ech sot, ech wëll gären heem telefonéieren. (...) Do seet deen, komm, ech hunn hei en Appartement, gees de mat, an da riffs de vun do un."
D'Schoul geet vir
An dozou steet de Lucien Didier och nach haut, hien huet dat bei sengem Bouf gemaach, a hie réit dat och allen aneren. En Ofschloss ass wichteg, well et weess een ni, wat kënnt, eng Blessure, eng Chute oder et kritt ee kee Kontrakt, a schonn ass et eriwwer, an dann? An dofir huet de Lucien och op d'Schoul bei sengem Fils gepocht.
"Ech hunn och mengem Bouf gesot, hei lauschter, ech maachen alles mat. Vëlo, mee d'Schoul muss klappen. Wann d'Schoul net klappt, gëtt de Vëlo op den Nol gehaangen, bis dat klappt."
Episoden
![Nico Wege: E Liewe fir den Drumset](/legacy/images/16372/image-thumb__16372__base_thumbnail/Nico%20Wege.d7fca78f.jpg)
Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
![Irina Holzinger](/legacy/images/15538/image-thumb__15538__base_thumbnail/Irina%20Holzinger.5bb1047e.jpg)
Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.
![Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"](/legacy/images/9160/image-thumb__9160__base_thumbnail/Foto%20Raoul%20Migliosi.6c086000.jpg)
Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
![Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"](/legacy/images/10111/image-thumb__10111__base_thumbnail/Foto%20Anne%20Rose%20Terebesi.1853ad20.jpg)
Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
![Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller](/legacy/images/7093/image-thumb__7093__base_thumbnail/Timo%20Wagner.48e37e36.jpg)
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
![Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"](/legacy/images/6229/image-thumb__6229__base_thumbnail/Foto%20Christiane%20Kremer.7c6ae86a.jpg)
Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
![Nico Wege: E Liewe fir den Drumset](/legacy/images/16372/image-thumb__16372__base_thumbnail/Nico%20Wege.d7fca78f.jpg)
Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
Buffalo C. Wayne
De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.
![Irina Holzinger](/legacy/images/15538/image-thumb__15538__base_thumbnail/Irina%20Holzinger.5bb1047e.jpg)
Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.
![Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"](/legacy/images/1129/image-thumb__1129__base_thumbnail/Steve%20Karier.68d4b69b.jpg)
Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"
Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.
![Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat](/legacy/images/14671/image-thumb__14671__base_thumbnail/Rom%20Hellbach.f386491d.jpg)
Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.
![Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"](/legacy/images/12835/image-thumb__12835__base_thumbnail/Tommy%20Schlesser.5b3e0c6d.jpg)
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
![Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"](/legacy/images/11878/image-thumb__11878__base_thumbnail/Anne%20Schroeder.9f87b1a8.jpg)
Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"
Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo
Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"
D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
![Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill](/legacy/images/10003/image-thumb__10003__base_thumbnail/Jil%20Devresse.afd48b7c.jpg)
Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill
Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
![Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"](/legacy/images/10111/image-thumb__10111__base_thumbnail/Foto%20Anne%20Rose%20Terebesi.1853ad20.jpg)