Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Amanecer

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Zu Éiere vum Africa Day, deen all Joer de 25. Mee gefeiert gëtt, an deen un d'Grënnung vun der Organisation of African Unity (OAU) erënnert, huet de Label Real World Records sechs legendär afrikanesch Artisten aus sengem Katalog reeditéiert. Dorënner de Sooliman Ernest Rogers, deen an den 20er Joren op d'Welt koum ...

Dem franséisch-argentinesche Grupp Cuarteto Tafi hir Aktualitéit heescht "Amanecer", deen ë. a an der Zesummenaarbecht mat der Sängerin Leïla Martial entstanen ass. "Amanecer" ass en engagéierten Disk fir d'Mënscherechter vun Artisten, déi och beréiert si vun der Poesie, der Schéinheet am Allgemengen a vum Austausch mat aneren Artisten.

Bei The Smile héiere mir e Sound an eng Stëmm, déi mir kennen, et ass e Säite-Projet vum Thom Yorke an Johnny Greenwood vun The Radiohead zesumme mam Batteur Tom Skinner vun The Sons Of Kemet. Den Thom Yorke denoncéiert mat sengen Texter d'Hypokrisie vun der politescher Klass, déi d'Mënschen diviséiere wëllt, a mir ginn invitéiert zesummenzehalen an ze resistéieren.

D'Kate Tempest heescht elo Kae Tempest. D'Englännerin huet en neien Album "The Line Is A Curve", wou si iwwer Verletzlechkeet an Selbstentbléissung erzielt.

D'Angélique Kidjo huet no siwe Joer och en neien Album: "Mother Nature". Déi bekannten afrikanesch Artistin aus dem Benin beschäftegt sech hei mat der Natur, de Klima-Froen awer och mat aneren Theeme wéi Rassen-Ongerechtegkeet a Polizei-Gewalt. Hir Musek ass onbeschwéiert positiv bis lëschteg mat dës Kéier komplexen Inhalter.

Endlech kann och erëm de Womad Festival am Charlton Park iwwer d'Bün goen, dëst Joer vum 28.-31. Juli. Ënner villen aneren interessanten Artisten ass d'Kae Tempest derbäi, an zu den Têtes d'Affiches zielt den Nitin Sawhney. Hei fannt Dir déi ganz Programmatioun, et ass derwäert!

Musek

Episoden

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Digital Vintage

Digital Vintage an Oldschool mateneen verbonnen, en Englänner, deen e Latino-Americana Sound mëscht, ustiechend Kläng aus Kambodscha an en neien Album fir d'PJ!

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Great Encounters

Eng Rees duerch verschidde Kulturen, en interessante Mix vun de Genren, eng instrumental Musek, déi Stëmme begéint an en eenzegaartege Projet.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten