Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Digital Vintage

Digital Vintage

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

En neien Album fir de Prendy, e Fransous, deen op Reggae steet an och op Vintage-Klang, deen neien "Away Away" ass vum Blundetto produzéiert ...


Toots & The Maytals, dee jamaikaneschen Trio ass eng Referenz a Saache Reggae an huet Generatiounen, déi nokommen, beaflosst. 2020 koum deen neie "Got to Be Tough" eraus.


D'Normanne vum Papanosh Quintett hu beim Album "Home Songs" zesumme mam New Yorker Poet a Saxofonist Roy Nathanson geschafft, mam Mark Ribot an der Linda Olah. Alleguer eenzel eng Valeur sure!


Den Englänner Carwyn Ellis steet op déi sonneg Kläng an op d'Liewensgefill vum sonnege Süden. Zesumme mat Rio 18 an dem BBC National Orchestra of Wales huet hien den Album Yn Rio agespillt.


Dengue Fever, hei geet et ëm en ustiechende Sound vun LA, eng sechskäppeg Band, déi kambodschanesch Pop-Musek mat psychedeeleschem Rock verbënnt.


D'Traditiounen aus de Karpaten an engem zäitgenësseschen Ausdrock héiere mir vun der rumänescher Formatioun Balkan Taksim.


Den argentinesche Museker a Globetrotter Ignacio Maria Gomez vereent d'Traditioune vu ville Kulturen, hie bréngt de südamerikanesche Kontinent zesumme mam afrikaneschen.


Dem kanadesch-senegaleesesche Museker Zal Sissokho säin Album "Kora Flamenca" verbënnt och verschidden Traditiounen, déi afrikanesch Kora mam spuenesche Flamenco.


Guts aka Fabrice Henri ass bekannt ginn an den 90er als Beatmaker fir d'Hip Hopper vun Alliance Athnik, e Sammler, deen d'Grooven an d'Kläng vun iwwerall sammelt an an eng nei Kombinatioun bréngt.


D'Pj Harvey kënnegt fir de 7. Juli en neien Album un: "I Inside the Old Year Dying" iwwerschriwwen. Elo schonn deelt si mat eis eng éischt Auskoppelung dorausser: "A Child's Question, August".


Playlist:



Prendy - Devil Shoes - Away Away

Toots & The Maytals - Stand Accused - Got to Be Tough

Papanosh - K'arallanta (with Roy Nathanson, Mark Ribot & Linda Olah) - Home Songs (with Roy Nathanson & Mark Ribot)

Carwyn Ellis & Rio 18 - Olá! (with BBC National Orchestra Of Wales) - Yn Rio (with BBC National Orchestra Of Wales)

Balkan Taksim - Zalina (Single)

Dengue Fever - Ethanopium - Dengue Fever (Deluxe Edition)

Ignacio Maria Gomez - Tchen Dorò - Belesia

Guts - Já Não Há Mais Paz (feat. Catia Werneck) - Philantropiques

Zal Sissokho - Manssani - Kora Flamenca

PJ Harvey - A Child's Question, August - I Inside the Old Year Dying

Fleet Foxes - Mykonos (Single)

The Heavy - Short Change Hero - The House That Dirt Built


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.