One World
Soul
56 min
Eng vu den Decouverten an och Coup de Coeur ass den neie gemeinsamen Album vum Toumani Diabaté a Kayhan Kalhor. Zwee Meeschter, allebéid Vertrieder vun enger Joerhonnerten aler Traditioun.
Anere Coup de Coeur ass den Album "Latopa" vum Trio Àbájade, deen eng erfrëschend Renconter erklénge léisst tëschent den Afro-karibeschen Traditiounen, der Soul an dem Jazz.
Den drëtten Favorit ass den neien Album "Streets of Minarets" vum tuneeseschen Oud-Spiller a Sänger Dhafer Youssef, dee sech vu renomméierten a séchere Valeuren ëmginn huet. Dir héiert e beréierende Flow tëschent Jazz an traditionellen indeschen, arabeschen a klassesche Museken. E Bijoux!
En aneren impressionante Kollektiv ass Limousine. Hire fënneften Album "Hula Hop" spillt mat verschiddene Genren: Jazz, Pop a méi Influenzen.
Decouverte dës Kéier ass den Jalen N'Gonda, eng nei Soul-Stëmm vun Daptone Records.
Playlist:
Orchestra Baobab - Dée Moo Wóor - Specialists In All Styles
Kayhan Kalhor & Toumani Diabate - The Sky Is the Same Colour Everywhere - The Sky Is the Same Colour Everywhere
Yodi - De Tu Ciudad - Sin Armadura - EP
Àbájade - Lalubanche (Elegua I) - Latopa
TaxiWars - Different or Not - Artificial Horizon
Dhafer Youssef - Street of Minarets (feat. Ambrose Akinmusire, Nguyên Lê, Dave Holland, Adriano Tenorio DD & Vinnie Colaiuta) - Street of Minarets
Limousine & Lucas Santtana - Foi Assim - Hula Hoop
Jalen Ngonda - If You Don't Want My Love - If You Don't Want My Love
Isobel Campbell & Mark Lanegan - Come On Over (Turn Me On) - Come On Over (Turn Me On) -
Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel