arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Great Encounters

Great Encounters

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Den Avishai Cohen beschreift säin Album "Two Roses" als e Projet, deen een eemol a sengem Liewen ugeet. Hien huet säin Trio mam Symphoneschen Orchester vu Gothenburg zesummegeféiert ...


Deen neien Album "Soul Tropical" vum David Walters ass dem Dancefloor gewidmet, dat awer net ouni seriö Theemen unzeschwätzen. Op en neits reest dee franséisch-kreolesche Museker duerch verschidde Kulturen.


Decouverte dës Woch ass d'Aïsha Vertus, bekannt ënner hirem Artisten-Numm Gayance. Hiren neien Album "Mascarade" regruppéiert Influenze vun der New-Yorker an Detroiter House, vermëscht mat Uk-Garage grad wéi mat Blues, Soul a Gospel.


Tëschent Blues-Rock, Raï an Electro beweegt sech deen éischten Album vum engem neien Trio, dee sech Mademoiselle nennt. Rodolphe Burger, Sofiane Saidi a Mehdi Haddab, dräi Artisten, déi sech kennen, an dat héiert een.


Limousine ass e Grupp, dee bis ewell op Stëmme verzicht hat, an och genee dat war hiert Konzept. Gaaschtstëmme wéi déi vum Malik Djoudi, Amber Burgoyne, Lucas Santtana, Victor Solf an Akhenaton beräichere Limousine hir Kompositiounen.


No enger fënnefjäreger Paus hat déi kapverdianesch Sängerin Mayra Andrade 2019 den Album "Manga" erausbruecht. E richteg schéinen Album, well et ass e beréierende Mix aus Afrobeat, urbanen Aflëss an traditionelle kapverdianesche Museken.


Playlist:



Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses

David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical

The Garifuna Collective - Ideruni (Help) - Aban

Midnight Groovers - Stranger (Disques Debs Version) - Disques Debs International Vol. 2

Gayance - Mascarade - Mascarade

The Limiñanas - Calentita (feat. Nuria) - Calentita (feat. Nuria) - Single

Saul Williams - Black Stacey - Saul Williams

Mademoiselle (Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab) - La Terre Feu (Que sera votre vie ?) - Mademoiselle

Limousine - Helios - Hula Hoop

Qwalia - Sound & Reason - Sound & Reason - Single

Stretch and Bobbito & The M19s Band - Voices Inside My Head - No Requests

Bazar Pamplona - É Tão Cafona o que Eu Sinto Por Você - Todo Futuro é Fabuloso

Mayra Andrade - Plena - Manga

Lina_Raül Refree - Cuidei que tinha morrido - Lina_Raül Refree


Episoden

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow