Nodeems den Erich Wolfgang Korngold vill Wierker fir Kammermusek, Soli an Orchester, Balleten an Opere geschriwwen huet, zitt et hien an d'USA. Ufanks war geplangt zu Hollywood d'Musek fir een eenzege Film ze arrangéieren. Doraus goufen dann zéng Joer, an deenen den Erich Wolfgang Korngold Musek fir Filmer vu Warner Brothers schreift.
D'Marie Schockmel kuckt zeréck op dës spannend Zäit am Liewe vum Komponist.