Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Heartstrings

Heartstrings

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

D'Diva vum "Wassoulou" Oumou Sangaré hellt zanter hirem Debut "Moussolou" 1989 d'Rhythmen aus hirer Regioun an Éieren. Haut ass si mat "Timbuktu" bei hirem 12. Album ukomm.

E knappt Joer no hirem leschten Album "Delta Kream" kënnegen d'Black Keys hiren neien Album "Dropout Boogie" un. Eng éischt Single ass elo schonn disponibel.

Erotic Market ass d'Formatioun ronderëm d'Komponistin an d'Vokalistin Marine Pelligrini, den Album "Boredoms & Heartstrings" Vol 2. soll Enn Mee erauskommen.

Hanner Toro y Moi stécht de kreative Kapp vum Chaz Bear. Den Album "Mahal" ass eng villverspriechend Rees duerch verschidden Aflëss an Epochen.

Ganz an der Ligne vun de groussen Grioten aus dem Senegal an aus dem Mali héiere mir den Ibrahima Cissokho, e jonke Meeschter op der Kora, dee mat senger Band Mandingue Foly d'Traditioune mat der Energie vum Rock a Funk verbënnt.

Spannend ass de véierten an neien Album "Warm Chris" vun der Aldous Harding. Si ass ni do, wou ee si erwaarde géif. "Warm Chris" hält eis a Beweegung.

Déi franséisch Singer-Songwriterin Marion Rampal presentéiert op hirem neien Album "Tissé" eelef Lidder, déi si selwer geschriwwen huet. Si huet sech allerdéngs gutt ëmginn, derbäi ass notamment de Gittarist Matthis Pascaud, deen d'Arrangementer gemaach huet an zwee confirméiert Gaaschtinvitéen, den Jazz-Mann Archie Shepp an de Piers Faccini.

De Rhabdomantic Orchestra ass en oppene Kollektiv vun Turin, dee geleet gëtt vum Komponist a Multi-Instrumentalist Manuel Volpe. Hei gi verschidde musikalesch Sprooche mateneen verbonnen: Afrobeat, spirituellen Jazz, Salsa, Influenzen aus dem Mëttelmierraum, an en Touch Psychedelik.

Playlist:

Oumou Sangaré - Wassulu Don - Timbuktu
The Black Keys - Wild Child - Dropout Boogie
Erotic Market - Cinnamon Rolls - Boredoms & Heartstrings
Erotic Market - Should I - Boredoms & Heartstrings
Toro y Moi - The Loop - MAHAL
Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)
Jasdeep Singh Degun - In Search of Redemption - Anomaly
Ibrahima Cissokho & Mandingue Foly - Ware - Liberté Mom Sa Bop
Aldous Harding - Tick Tock - Warm Chris
Vanessa Wagner - Etude No. 16 - Study of the Invisible
Marion Rampal - Passe-Montagne - Tissé
Rhabdomantic Orchestra - Emblema - Almagre
Minino Garay - Speaking Tango - Minino Garay y los Tambores del Sur

Musek

Episoden

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Digital Vintage

Digital Vintage an Oldschool mateneen verbonnen, en Englänner, deen e Latino-Americana Sound mëscht, ustiechend Kläng aus Kambodscha an en neien Album fir d'PJ!
headphones

56 min

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Great Encounters

Eng Rees duerch verschidde Kulturen, en interessante Mix vun de Genren, eng instrumental Musek, déi Stëmme begéint an en eenzegaartege Projet.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten