Komponist:in vum Mount
De Camille Saint-Saëns (1835-1921)
Am Dezember 2021 gëtt dem Camille Saint-Saëns säin 100. Doudesdag gefeiert. 2021 ginn och déi 150 Joer vun der Société Nationale de Musique zelebréiert. Dës Gesellschaft gouf vum Saint-Saëns an dem Romain Bussine an d'Liewe geruff. Allerdéngs gouf d'Gesellschaft 1938 opgeléist.
Zanter enger Partie Jore gëtt et awer zu Paräis eng Société Camille Saint-Saëns, déi sech ëm dem Komponist säi Repertoire këmmert, wéi ëm soss alles, wat mam Saint-Saëns ze dinn huet.
De Manuel Ribeiro huet mam Sekretär vun dëser Gesellschaft, de Fabien Guilloux, geschwat.