One World
Roots & Innovation
De Batteur, Komponist a Produzent Nate Smith huet elo véier Joer no sengem Debut den thematesche Follow up "Kinfolk 2: See the Birds" verëffentlecht. Deen innovative Batteur gesäit Kinfolk als eng Trilogie, déi seng Evolutioun als Museker retracéiert.
Déi englesch Rockband Field Music annoncéieren eng nei Ep "Another Shot" iwwerschriwwen. Se handelt iwwer de Changement vun Ëmstänn ...
Weider vill Aktualitéiten, dorënner de kanadesche Singer-Songwriter a Multiinstrumentalist Andy Schauf, oder déi elegant Pop vun The Reed Conservation Society, de Fransous John Milk, deen d'Amateure vun der Soul a vum Hip-Hop begeeschtere wäert an nach vill anerer.
Coup de coeur vun dëser Woch ass de psychedelesche Garagen Duo The Limiñanas zesumme mam Techno Pionéier an DJ-Produzent Laurent Garnier. De gemeinsamen Album "De Película" ass e richtege Walk on The wild Side, e Roadtrip an en auditive Film, d'Energie vum Rock ... einfach irresistibel!
Déi zwee Fransouse Laurent Rochelle a Marc Sarrazy hu mat "Cyclotimic Songs" eng Zort musikalesche Frankenstein zesummegebastelt, an dësen ass gelongen, och ouni den Original ze kennen.
De Robert Finley huet sech seng éischt Gittare verdéngt op de Kottengsfelder vu sengem Papp, duerno geet hien an d'Arméi a reparéiert an Däitschland Helikopteren. Du gëtt e blann a fënnt Trouscht beim Gospel a beim Blues ...
Playlist:
Nate Smith - Altitude (feat. Joel Ross & Michael Mayo) - Kinfolk 2: See the Birds
Field Music - Someplace Dangerous - Another Shot - EP
Field Music - Things Will Never Be the Same - Another Shot - EP
The Reed Conservation Society - Gold, Gun & God - Ep N°3
Andy Shauf - Spanish on the Beach - Wilds
John Milk - Don't Blame the Hammer - Don't Blame the Hammer - EP
Laurent Garnier & The Limiñanas - Juliette dans la caravanne - De Película
Laurent Garnier & The Limiñanas - Saul - De Película
Laurent Garnier & The Limiñanas - Tu tournes en boucle - De Película
Fotis Siotas - Skouria Kai Meli - Skouria Kai Meli - Single
Laurent Rochelle & Marc Sarrazy - Moving in Circles - Cyclotimic Songs
Farhot & Tiggs Da Author - Feel Ugly - Kabul Fire, Vol. 2
Robert Finley - Souled Out On You - Sharecropper's Son
Robert Finley - Country Boy - Sharecropper's Son
NTO - Invisible (feat. Sofiane Pamart) [Piano Version] - Invisible - Single