Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Rythm divine

Rythm divine

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

En Disk, dee kléngt wéi direkt aus de 70er awer duerch de Mixage vum Sound héiere mir, datt et e Wierk vun haut ass: "Jazz is Dead 002" ass e gemeinsamen Album vum Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge zesummen mam Vibrafonist Roy Ayers.


Déi amerikanesch Sängerin an Dichterin Iyeoka huet fir d'éischt mol hir Bréidercher als Apdiktesch verdéngt. 2004 koum hiren éischte Solo-Album "Say Yes" eraus. D'Artistin mat nigerianesche Racinnen huet den Numm Iyeoka gewielt, wat an der Sprooch vum den Esan esouvill bedeit wéi respektéier mech. Erstaunlech, datt dat vun de Fraen och haut nach ëmmer muss agefuerdert ginn.


Nom Gal Costa huet Brasilien elo eng weider grouss Stëmm verluer. D'Astrud Evangelina Weinert, bekannt als Astrud Gilberto huet 1963 am Alter vun 23 Joer d'Bossa Nova weltbekannt gemaach mat hirer Interpretatioun op Englesch vum Lidd "Garota de Ipanema".


Dann ass nach britteschen Trip Hop bei One World derbäi: en Englänner zesumme mat engem italieenesche Film-Komponist, éisträicheschen Beatboxing, zwee Schotten, déi ëm d'Vergänglechkeet wëssen an excellent DJ-Museker.


Playlist:



Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Gravity - Jazz Is Dead 002

Iyeoka - Simply Falling - Say Yes

Booth & The Bad Angel - Dance Of The Bad Angels - Booth & The Bad Angel

Massive Attack - Heat Miser - Protection

Massive Attack - Safe from Harm - Blue Lines (2012 Mix / Master)

Bauchklang - Signs - Signs

Bill Wells - Glasgow Jubilee - Everything's Getting Older

Unknown Mortal Orchestra - Nadja - V

Astrud Gilberto - Água de Beber - The Astrud Gilberto Album (with Antônio Carlos Jobim)

Stan Getz, Astrud Gilberto, Antônio Carlos Jobim & João Gilberto - Corcovado (Quiet Nights of Quiet Stars) - Getz/Gilberto

Vanessa da Mata & Ben Harper - Boa Sorte (Good Luck)

Stretch and Bobbito & The M19s Band - Voices Inside My Head - No Requests

Brian Reitzell - I Put a Spell on You (feat. Mark Lanegan) [From "American Gods" Soundtrack]

Yello - The Rhythm Divine (feat. Shirley Bassey) - Essential Yello


Episoden

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow

Eclectic Harmonies

Nei-Verëffentlechungen, eng Avant-Première a schéi Stëmmen!
headphones

56 min

play_arrow

Lagos-Paris-London

Dub an Afrobeat vu Lagos, e Komponist vu Filmuseke begéint e Popmuseker an ee Soundtrack aus Südafrika
headphones

56 min

play_arrow

Happy New Year

Raffinéiert Kläng vun Nottingham, zwou onëmgänglech belsch Formatiounen an en Openthalt a Westafrika
headphones

57 min

play_arrow

A Lover was born

Soul Musek an anerer, déi mat Häerz a Séil derbäi sinn; Jazz, Funk, Soul an Hip-hop matenee vermëscht war Enn 80er ufanks 90er e Genre bekannt als Acid-Jazz …
headphones

56 min

play_arrow

el espacio entre

Neiverëffentlechung vun 3 Vinyl-LPen, déi d’Wierk vun engem geschätzten englesche Museker beliichten, futuristesch Kläng aus Spuenien an aner spannend Klangwelten
headphones

56 min

play_arrow

Wierder an Nouten

E bësse Mariachi-Spaghetti-Western-Feeling, de mutéierte Flamenco vun haut, den Afrobeat trëfft op de Rock an d’Wierder vum Herman Hesse, déi sech mat Nouten ëmginn.
headphones

56 min

play_arrow

Explizit Lyrics

De Klang vu Saigon an de 70er, e bësse Country, gudde Songwriting an eng exzeptionell Collaboratioun, déi och elo geschwënn zu Lëtzebuerg ze gesinn ass.
headphones

56 min

play_arrow