Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Nathan Salsburg - Impossible Air

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Evergreens an News

Evergreens an News

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Donna Blue ass en hollänneschen Duo, deen op 60ies Yé Yé steet, op d'Filmer vum Lynch an op al Hollywood Romantik.


"Mascarade" ass d'Iwerschrëft vun der Gayance aka Aïsha Vertus hirem Debut-Album, deen am Mäerz erauskoum. "Well jo d'Liewen eng grouss Mascarade ass ... awer schéin!" seet si selwer.


"Hawk" ass deen drëtte gemeinsame Studio-Album vun der schottescher Sängerin Isobel Campbell zesumme mam amerikaneschen Alt-Rock Museker Mark Lanegan, dee bekannt gouf an der Zäit vum Grunge mat de Screaming Trees ...


D'Entdeckung vun dëser Woch ass de brasilianesche Soul- a Funk-Museker Tim Maia. Hie gëllt als ee vun den éischten, deen Elementer aus der Soul an de brasilianeschen Tropicalismo integréiert huet.


En aussergewéinleche Sound aus LA héiert Dir vum Trio Gabriels hirer zweeter "Bloodline"-EP. Wat e Räichtum, eng fein Orchestratiounen an Arrangementer, déi déi grad esou aussergewéinlech Stëmm vum Jakob Lusk begleeden ...


"Borderline" hunn déi véier finnesch Sängerinne vun Tuuletar hir zweet Studio-Produktioun iwwerschriwwen. Et kéint een vun engem Konzept-Album schwätzen, heescht et bei Global Sounds, well all d'Lidder dréie sech ronderëm d'Zerbriechlechkeet vum Mënsch, ëm de schmuele Grat tëschent Liewen an Doud.


De schweedeschen Jazzgittarist Ulf Wakenius an de franséischen Akkordeonist a Komponist Vincent Peirani begéine sech beim däitsche Batteur Wolfgang Haffner op sengem Album "Kind Of Tango". Dëst wier awer keen Tango-Album ënnersträicht de Museker ...


Wann dat geographescht Ëmfeld en Afloss op all kreatiivt Schafen huet, da sinn d'Kläng an d'Inspiratioun aus den Alpen eenzegaarteg ...


Playlist:



Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses

Gayance - Mascarade - Mascarade

Christophe Julien - The Road - The Girl with the Purple Smile

Isobel Campbell & Mark Lanegan - Deus Ibi Est - Ballad of the Broken Seas

Tim Maia - Nobody Can Live Forever - World Psychedelic Classics 4: Nobody Can Live Forever: The Existential Soul of Tim Maia

Ben Harper - Honey, Honey - Bloodline Maintenance

Gabriels - Blame - Bloodline - EP

Rodrigo y Gabriela - Descending To Nowhere - In Between Thoughts...A New World

Ulf Wakenius, Vincent Peirani & Lars Danielsson - Witchi-Tai-To - Vagabond

Tuuletar - Maatuuko Mieleni - Rajatila / Borderline

Wolfgang Haffner - Libertango (feat. Ulf Wakenius, Sebastián Studnitzky & Vincent Peirani) - Kind of Tango

Oberian - Zeit - Caliban Island

Christian Zehnder & Gregor Hilbe - Trang - Oloid

Gilberto Rodriguez y Los Intocables - Sentimiento Azulejo - Sabor Maracuyá Desnuda


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.