Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Tomberlin - A Video Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Multikulti

Multikulti

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Den neien Album "Soul Tropical" vum David Walters zesumme mam K.O.G aus dem Ghana ass en Disk fir den Dancefloor, dee gutt Laun verbreet an d'Renconter vun de verschiddene Kulture feiert.


De Farees ass e Gittar-Virtuos, Poet, Produzent, Singer-Songwriter an Aktivist fir Mënscherechter, den Album "Border Patrol" ënnersträicht d'Problematik vun de Grenzen.


Fir d'Mënscherechter hu sech och dem Blues-Mann Eric Bibb seng Eltere schonn agesat. Op sengem neien Album "Ridin'" revisitéiert den Artist den Aktivismus vu senger Famill an enger Serie vu Lidder, där hire Contenu och haut nach ëmmer aktuell ass.


Zamrock ass ganz einfach Rock aus Sambia. Grad koum en éischten Titel vun der Formatioun Witch zanter 1984 eraus: "Waile". Deen eenzegen Grënnermember vu Witch, deen iwwerlieft huet, ass de Leadsänger Emanyeo, genannt "Jagari" Chanda a "Waile" ass deen éischten Track no 38 Joer, a wat fir e Retour!!


Multi-Instrumentalist a sensibele Sänger, den Ariel Tintar beweegt sech mat vill Emotioun duerch seng perséinlech Geschicht, déi gepräägt ass vu Rassismus an Exil ...


D'Banjo-Spillerin a Sängerin Rhiannon Giddens annoncéiert en neien Album "You're the One" fir den August. Ëmgi vu villen talentéierte Museker, dorënner och d'Leyla McCalla, erwaart eis hei e schéine Folk mat historesche Racinnen an enger zäitgenëssescher Sensibilitéit: Blues, Jazz, Cajun, Country, Gospel a Rock ... d'Renconter ass organesch, esou d'Artistin selwer!


Playlist:



David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical

KUTU, David Walters & Théo Ceccaldi - Yambara (feat. Hewan Gebrewold) [David Walters Remix

Farees - Split Second - Border Patrol

Vieux Farka Touré & Khruangbin - Diarabi - Ali

Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin'

Adir Jan - Tengo - Crushed - Leyla

Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - One Two Three - Single

Witch - Waile - Single

Glen Velez, Andrea Piccioni, Zohar Fresco & Murat Coskun - Reflections - Masters of Frame Drums

ARIFA - Dream Keeper - Secret Poetry

Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé - Single

Rhiannon Giddens - You Louisiana Man - You're the One




Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.