Komponist:in vum Mount
Den Engelbert Humperdinck (1854-1921)
De Komponist Engelbert Humperdinck huet mam haut nach bekannte Schlagersänger guer näischt ze dinn. Vu Kand u wousst dee jonken Engelbert, datt hie Komponist wollt ginn. Dëse Wëllen ass, géint dee vu sengen Elteren, och an Erfëllung gaangen. Mee Näischt war einfach. No enger Assistenzplaz beim Wagner zu Bayreuth, krut hien seng Karriär nëmme schwéier op d'Rei, bis seng Schwëster hie fir e puer Lidder freet. Lidder, déi haut als d'Märchenoper "Hänsel und Gretel" bekannt sinn. Mee den Humperdinck war net just de Komponist vun dëser gelongener Oper, déi, wéi vill Wierker vun him, Wagner-influenzen opweist.
Am Kader vum 100. Doudesjoer vum Engelbert Humperdinck huet de Manuel Ribeiro sech mam Komponist a sengem Liewe beschäftegt.