Komponist:in vum Mount
De Carl Maria von Weber (1786-1826)
Dresden war déi Plaz, wou de Carl Maria von Weber am längste gelieft huet. Vun 1817 bis zu sengem Doud 1826 war en Dirigent an Direkter um Hoftheater. Fir de Rescht vu sengem Liewe war de Komponist stänneg ënnerwee - Eutin, Prag, Breslau, Mannheim, Frankfurt, London - just e puer Statiounen aus dem beweegte Liewe vum Carl Maria von Weber, deen esouguer no sengem Doud keng Rou fënnt. De Komponist gëtt an England begruewen. 18 Joer no sengem Doud suergt de Richard Wagner derfir, datt dem Weber säi Sarg op Dresden iwwerfouert gëtt.