Komponist:in vum Mount
Astor Piazzolla (1921-1992)
Den 11. Mäerz 2021 ginn dem Astor Piazzolla seng 100 Joer gefeiert. Den Argentinier huet et fäerdegbruecht an e puer Joerzéngten den Tango aus den Danzsäll vu Buenos Aires erauszehuelen an en an di grouss Concertssäll ze transportéieren. Mam Tango Nueve an seng spéider méi sinfonesch Approche zu de Kompositiounen, huet hien den Tango op en aneren Niveau bruecht an domat op der ganzer Welt de Genre populariséiert. Fir d'Pueristen an Zäitgenossen vum Piazzolla war et awer eng Sënn den traditionellen Tango verännert ze hunn.
De Manuel Ribeiro huet sech fir den Astor Piazzolla interesséiert an och mam Akkordeoniste an Enseignant Maurizio Spiridigliozzi, geschwat.