arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Wilhelm Stenhammar (1871-1927)
Och wann de Wilhelm Stenhammar zwou grouss Symphonien hannerlooss huet, ass et de Piano, deen am Mëttelpunkt vu sengem Schafe steet. De Stenhammar war nämlech Concertspianist, éier hie komponéiert an dirigéiert huet. Nieft zwee Pianosconcerti huet de Stenhammar net wéineg Kammermusek fir Sträicher, Lieder oder Pianossonate geschriwwen. Wéi eng Bedeitung déi Stécker all hunn, erkläert de Manuel Ribeiro.
Musek