Komponist:in vum Mount
De Wilhelm Stenhammar (1871-1927)
D'Zentraleuropäer hu sech schwéier gedoen, skandinavesch Komponisten an hire Repertoire eranzehuelen. Et muss een och soen, datt et bis an dat spéit 19. Joerhonnert gedauert huet, éier sech an deenen nërdleche Länner een institutionaliséiert Museksliewen entwéckelt huet.
De Wilhelm Stenhammar war ee vun deene Protagonisten, déi vill derzou bäigedroen hunn, datt Stockholm sech zu engem Musekszentrum entwéckelt huet. De Pianist, Dirigent a Komponist huet 1905 och d'Göteborger Symphoniker gegrënnt a se laang geleet.
Wéi eng Plaz hat déi skandinavesch Musek an Europa, a wéi e Stellewäert hat de Wilhelm Stenhammar am Museksliewen an de nërdleche Länner. Äntwerte mam Manuel Ribeiro