arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
César Franck (1822-1890 ) - den Organist
"Le père Franck"
1859 weit de César Franck déi fuschnei Cavaillé-Coll-Uergel an der Sainte-Clotilde Kierch zu Paräis an. Iwwer 30 Joer ass hien Organist an der Basilika am 7. Arrondissement a spéider och nach Professer fir Uergel um Conservatoire de Paris. D'Kompositioune fir d'Uergel spillen eng wichteg Roll a sengem Wierk. Eng Emissioun vum Guy Engels.