De Personnage Clara Schumann léisst sech nëmme schwéier beschreiwen. Op där enger Säit war si eng Komponistin a bekannt Pianistin, op där anerer Säit huet si sech ëm hir siwe Kanner gekëmmert an hire Mann Robert Schuman a senger Karriär ënnerstëtzt. Wie war also d'Clara Schumann? Wéi ee Bild gëtt haut vun vun hir gezeechent?
Fir dat eraus ze fannen huet de Luc Boentges e Bléck op hir Biographie geworf a mat der Musekswëssenschaftlerin Janina Klassen an der Geiistin Annette Reisinger geschwat.