Komponist:in vum Mount
De Leopold Mozart (1719-1787)
"Salzburg huet de Wolfgang Amadeus Mozart, Augsburg huet de Papp Leopold Mozart", esou verdeedegt de Simon Pickel vum Mozartbüro Augsburg de kulturellen Usproch vun der Heemechtsstad vum Leopold Mozart. Zu Augsburg hunn eng Partie Generatioune vun der Famill Mozart gelieft, bis de Leopold Mozart sech zu Salzburg néiergelooss huet. De Mozartbüro vun Augsburg éiert de Komponist, Pedagog a Geiist Leopold Mozart all Joer mat enger ganzer Rei vun Evenementer. Fir den 300. Gebuertsdag huet d'Stad sech eppes méi afale gelooss. Iwwerdeems huet d'Silke Leopold eng Biographie vum Leopold Mozart erausgi mat deenen neisten Erkenntnisser aus dem Liewe vum Komponist.