Komponist:in vum Mount
Eng orientalesch Prinzessin an eng Bommel
Eng musikalesch Vertounung vun engem Insekt, déi bis haut eent vun deene bekanntste Stécker aus der Museksgeschicht ass: Rieds ass vum Nikolai Rimski-Korsakow sengem "Hummelflug". Et ass virun allem den Tempo vun dësem Stéck, dee faszinéiert. Mëttlerweil ginn et honnerten Adaptatioune fir all méiglech Instrumenter a Besetzungen. All grousse Virtuos wëllt beweisen, datt och hien den "Hummelflug" op sengem Instrument beherrscht. Nieft dëser musikalescher Ëmsetzung vun der Bommel hirem Fluch, ass den Nikolai Rimski-Korsakow virun allem fir seng sinfonesch Dichtung "Scheherazade" bekannt, wou hie Geschichten aus "Dausendanenger Nuecht" musikalesch verzielt.