arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Louise Farrenc (1804-1875)
"L'œuvre de Madame Farrenc dénote du caractère, de la hardiesse et de la chaleur, et les masses instrumentales y sont mises en mouvement avec une entente remarquable des effets.", schreift e Kritiker iwwer der Louise Farrenc hir éischt Symphonie no der Première 1845 zu Bréissel. D'Louise Farrenc war zu Liefzäiten eng unerkannt Komponistin, Pianistin an och Enseignante. 1842 war si déi éischt Professorin um renomméierte Conservatoire de Paris.