Komponist:in vum Mount
En däitschen Cellist reest op Paräis
Den däitsch-franséische Komponist an Cellist Jacques Offenbach war wierklech méi wéi just e Kënschtler. Hie war och e Symbol fir eng Ausernanersetzung am europäesche Kontext. Hie war e Wanderer tëschent de Welten, gefeiert a gedemütegt, als Judd, als Däitschen, als Fransous. War dem Offenbach seng Musek just Divertissement, oder stoung méi dohannert? Gebuer ass de Jacques Offenbach 1819 zu Köln. Hie reest mat sengen Elteren 1833 op Paräis, fir do ze studéieren. Hei gëtt de jonke Cellovirtuos séier zum Grënner vun der Opéra Comique an de "Boufonneries".