arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Grënner vun der Wiener Operette
De Franz von Suppé ass den 18. Abrëll 1819 zu Split ënnert dem Numm Francesco Ezechiele Ermenegildo, Cavaliere Suppé-Demelli gebuer. Spéider huet hien zu Wien, säin Numm verdäitscht a gekierzt. Säi Papp hat belsch an italienesch Wuerzelen, a seng Mamm war vu Wien gebierteg. Eréischt nom Doud vum Papp etabléiert de Suppé sech zesumme mat senger Mamm zu Wien, wou en am Theater an der Wien, am Kai-Theater an och am Carl-Theater mat sengem Operetten an Opere vill Succès huet.