arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Schülerprofesser
Iwwer 230 Studenten hu beim Nikolai Rimski-Korsakow Kompositioun geléiert. Hie selwer huet spéider vu sech behaapt, am Ufank vu senger Carrière als Proff näischt iwwer d'Komponéiere gewosst ze hunn. Dat ännert hien allerdéngs séier a bréngt sech selwer d'Grondlage bäi, déi hien dann a Form vun enger "Harmonielehre" an enger "Orchestrationslehre" nidderschreift - Bicher, déi hire Wee och bis op Lëtzebuerg fonnt hunn.
Musek