arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Gounod an d'Gesangskonscht
Genee esou wéi haut war och schonn am Frankräich vum 19. Joerhonnert an der sakraler Musek an am Gesang eng Kris. An anere Wierder, Museker hu sech Suerge gemaach, wéi een dës Beräicher kéint héich halen. Mesurë fir déi sakral Musek an d'Chouermusek weider ze fërdere goufen iwwer de Congrès pour la restauration du plain-chant et de la musique de l'Église entscheet.
De Charles Gounod war ee vun deene ville Komponisten, déi bei dësem Kongress aktiv waren. Mee och als Komponist huet sech de Kënschtler fir dës Gattungen agesat.