Komponist:in vum Mount
De Charles Gounod am Grand Opéra
Charles Gounod (1818-1893), war ee vun de grousse Protagonisten am Genre Grand Opéra a Frankräich.
"Faust" a" Roméo et Juliette" sinn déi grouss Wierker, déi vum Fransous nach ëmmer grousse Succès hunn. Mee wéi eng sinn déi aner Operen, a wat ass charakteristesch am Charles Gounod senger Musek?
Fir de Gounod stoung d'Fra mat senge Leidenschaften, genee wéi spéider beim Jules Massenet, am Mëttelpunkt vun de Bühnewierker. An och hie war a senger 50 järeger Carrière duerch eng Partie weiblech Rencontere musikalesch beaflosst.
"Dieu créa trois belles choses: la musique, les fleurs et les femmes.
Ce sont elles que j'ai toujours chantées" - Charles Gounod, Mémoires d'un artiste
De Manuel Ribeiro verréit méi zum Grand Opéra, an dem Charles Gounod seng Roll.