arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
D'Louise an Aristide Farrenc an den Trésor des Pianistes
"Le trésor des pianistes" besteet aus 20 Bänner, déi an de Joren 1861 bis 1872 publizéiert goufen. All Heft oder Band huet en explikativen Text, an deem et iwwer d'Museksgeschicht, d'Erschafe vun de Manuskripter oder nach d'Transkriptioune vun alen Notatioune geet.
D'Spillweis, mee och d'Opféierungs- an Verzierungspraxis ginn dran erkläert. Eng Biographie vum jeeweilege Komponist ass virgeluecht. 20 Bänner, déi 8 bis 9.000 Säiten duerstellen. Ëm déi 205 Sonaten, an Villes méi. Einfach beandrockend.