Dem Maurice Ravel seng Orchesterwierker weisen, datt hien ee vun deene beschten Orchestrateure vun allen Zäite ass. Duerch seng baskesch Mamm krut de Museker de Flair vum spuenesche Kolorit mat a léisst en deels a verschidde vu senge Wierker erafléissen.
Obwuel de franséische Komponist e Perfektionist war, huet hien net vergiess Kand ze sinn a beweist dat beispillsweis mat senger Kanneroper: "L'enfant et les sortilèges". Allerdéngs an trotz sengem beandrockende Repertoire, bleift de "Boléro" säi populäerstent Wierk.
De Manuel Ribeiro erkläert, wat de Maurice Ravel esou exzeptionell ausgemaach huet.