arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De P.I. Tschaikowsky (1840-1893)
1935 schreift de Klaus Mann säin Tschaikowsky-Roman "Symphonie pathétique". De Roman léist eis an d'Liewen, an d'Séil vum Komponist a senger Musek blécken, en ass awer och eng Reflektioun vum Klaus Mann iwwer säin eegent Liewen. Vum Tschaikowsky sengen zéng Opere ginn der haut virun allem nach zwou gespillt: "Eugen Onegin" a "Pique Dame", zwou Operen, déi op literaresche Virlage vum Alexander Puschkin baséieren.