arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Edvard Grieg (1843-1907)
Bis haut ass d'Perceptioun vum Edvard Grieg ganz anescht an eise Géigende wéi a senger norwegescher Heemecht. Fir eis ass de Grieg nach ëmmer Synonym vum populäre Pianosconcerto, an Norwegen spillt dëst Wierk eng vill manner wichteg Roll. Hei sinn et all déi Kompositioune mat typesch norwegeschem Charakter, déi un éischter Plaz mam Grieg associéiert ginn. De Guy Engels op der Sich no den norwegesche Wuerzele vum Grieg senger Musek.