arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Claude Debussy (1862-1918)
Nieft "La chute de la maison Usher", déi no néng Joer Aarbecht awer just Fragment bliwwen ass, huet de Claude Debussy nach eng Oper geschriwwen: "Pelléas et Mélisande". Och wann dëst Meeschterwierk haut feste Bestanddeel vum Repertoire ass, hat dëse musikaleschen Drama kee liichte Start: Sträit mam Auteur Maurice Maeterlinck an negativ Echoen no der Première op déi nei Téin vum Debussy.