arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Bernd Alois Zimmermann (1918-1970)
Köln war nom Zweete Weltkrich e gudden Terrain fir déi zäitgenëssesch Musek, déi och en Ausdrock vum Neiopbau war. E wichtege Personnage war de Generalmusikdirektor Günter Wand, deen a sengem Engagement fir déi nei Musek de Réckhalt vun der offizieller Kulturpolitik hat. Dovun huet och de Kölner Komponist Bernd Alois Zimmermann profitéiert, deen am Günter Wand e Fërderer a Frënd fonnt hat - grad wéi spéider och am Dirigent Michael Gielen.