arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Bernd Alois Zimmerman (1918-1970)
Obschonn een agefleeschte Kölner war de Bernd Alois Zimmermann keng lëschteg Natur, mä ee grousse Pessimist, een deen am Fong soss näischt erwaart wéi der Doud, wéi hie selwer sot. Eng Ursaach vun deem Pessimismus läit an der Biographie, déi wesentlech vun den zwee Weltkricher gepräägt war. De Guy Engels stellt de Komponist vir.