arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Peter Iljitsch Tschaikowsky
1935 schreift de Klaus Mann säin Tschaikowsky-Roman "Symphonie pathétique". De Roman léist eis an d'Liewen, an d'Séil vum Komponist a senger Musek blécken, en ass awer och eng Reflektioun vum Klaus Mann iwwert säin eegent Liewen. Zwou Biographien - eng Geschicht: De Guy Engels huet sech mat der Valerija Berdi, Literaturexpertin vum radio 100,7, iwwert déi parallel Liewen ënnerhalen.