arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Isang Yun (1917-1995)
Fir den Isang Yun war déi europäesch zäitgenëssesch Musek e Virbild. Wéi den Arnold Schönberg oder den Alban Berg et mat der europäescher Musek gemaach hunn, wollt hien déi koreanesch duerch nei Kompositiounsweisen an d'20. Joerhonnert bréngen. Als Laureat vum Seouler Kulturpräis 1956 konnt de Museker et sech leeschten an Europa ze studéieren, fir eng eegen Tounsprooch z'entwéckelen.