arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Isang Yun (1917-1995)
A sengem Wierk verbënnt den Isang Yun europäesch Kompositiounstechnike mat Elementer aus der traditioneller asiatescher Musek. A sengem Stéck "Réak", mat deem hie säin internationalen Duerchbroch feiert, imitéiert hie mam Orchester d'Akkordstrukturen an d'Klangcharakteristik vun engem ostasiateschen Instrument. De Luc Boentges schwätzt mam Walter-Wolfgang Sparrer, engem enke Frënd vum Isang Yun, iwwer d'Wierk vum Komponist.