Komponist:in vum Mount
Olivier Messiaen (1908-1992)
1982 waren den Olivier Messiaen a seng Fra, d'Pianistin Yvonne Loriod, fir eng Opféierung vun der "Turangalila"-Symphonie mam fréieren RTL-Orchester zu Lëtzebuerg. De Chefdirigent vun deemools, de Louis de Froment, huet dirigéiert. D'Musek vum Olivier Messiaen huet eng grouss Traditioun zu Lëtzebuerg, déi op den Dirigent Henri Pensis zréckgeet.
De Luc Boentges huet en Interview mam Messiaen ausgegruewen, deen hien hei zu Lëtzebuerg ginn huet, an hien huet mat engem Zäitzeie geschwat, deen de Messiaen hei begéint huet.