arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Claude Vivier (1948-1983)
War de Claude Vivier eng Zort Peter Pan vun der Musek, e Kand, dat ni richteg erwuesse wollt ginn? De Kanadier huet sech op alle Fall gären an d'Fantasiewelt vun engem Kand verkroch, eng Welt, déi hie sech selwer geschafen huet, zum Deel mat enger imaginärer Sprooch. De Zyklus "Lonely Child" an d'Oper "Kopernikus" sinn den Ausdrock vum Liewen an enger eegener Welt.