arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Paul Lincke (1866-1946)
D'Operett "Frau Luna"
Dräi Frënn plangen eng Rees op de Mound - an engem Ballon. D'Saach geet esouguer gutt, a si kommen um Äerdtrabant un. Allerdéngs ass och hir jalous Haushälterin matgereest, déi d'Stëmmung zimlech verdierft. Anerersäits gëtt et déi attraktiv Frau Luna, déi de Männer de Kapp verdréint. "Frau Luna" ass dem Paul Lincke säi gréisste Succès. Den Theo Lingen verfilmt d'Operett an de Krichsjoren. De Guy Engels mat Hannergrënn.