arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Paul Lincke (1866-1946)
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Wien-Paräis-Berlin
Donaumonarchie, dat däitscht Räich a Frankräich hunn Europa bis un den Ufank vum 20. Joerhonnert net nëmme politesch dominéiert, d'Haaptstied waren och déi musikalesch Zentre vum Kontinent. Grad am Biedermeier haten d'Leit net ëmmer Loscht op schwéieren dramatesche Kascht, op eng Grande Opéra mat fënnef Akten. D'Operett mat hiren zougängleche Melodien an hire Geschichten, an deenen dacks den Uz mat deenen Dichtege gemaach gouf, hat ëmmer méi Succès. De Guy Engels mat Hannergrënn.