Komponist:in vum Mount
Antonín Dvořák (1841-1904)
12 min
Nieft de sëlleche Wierker fir Orchester, Kammermusek oder Vokalwierker, huet den Antonín Dvořák sech och staark fir d'Gattung Oper interesséiert, mat zéng Wierker a sengem Gesamtschafen. Allerdéngs gëtt haut virun allem nach just eng Oper regelméisseg opgefouert. "Rusalka", mëttlerweil e Klassiker am Repertoire, an an alle groussen Haiser e Must. Mä wéi eng sinn déi aner néng Operen, déi hie geschriwwen huet? Hei fënnt een och Sujete vun anere Komponisten, wéi bei "Armida". Weider gëtt et "Der Jakobiner", "Die Teufelskrähe", "Wanda, Dimitrij" ... De Manuel Ribeiro huet sech mam Musikolog David Beveridge ënnerhalen.