Komponist:in vum Mount
Antonín Dvořák (1841-1904)
13 min
1895 kënnt den Dvořák vu sengem laangen Amerika-Openthalt zréck. Hie wennt sech vun der absoluter Musek of, obwuel hie scho virdru Wierker geschriwwen huet, déi een als Programmmusek bezeechne kéint. 1896 markéiert "d'époque charnière", wou den Dvořák sech direkt der sinfonescher Dichtung zouwennt, eng Gattung, déi am Sträit ëm déi neidäitsch Schoul vum Liszt a Wagner eng wichteg Roll gespillt huet. "Der Wassermann", "Die Mittagshexe", "Das goldene Spinnrad" oder "Die Waldtaube" sinn Toundichtunge vum Dvořák, inspiréiert u Balladen aus der Sammlung "Kytice" vum Dichter Karel Jaromír Erben. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.