arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Antonín Dvořák (1841-1904)
Sinfoniezyklus: D'"Symphonie du nouveau monde" ass wuel déi Bekanntsten an inspiréiert sech un amerikanesche Faarwen. Den Dvořák erfënnt Melodien a presentéiert sI an engem Modus, deen der indianescher Volleksmusek nokënnt. Mä och déi aner Sinfonië sinn interessant a weisen dacks dee staarken tschechesch nationale Charakter. De kompletten Zyklus vun de Sinfonien ass net nëmme fir all groussen Dirigent eng Erausfuerderung, mä och e Repertoire, dee gären op Disque festhale gëtt. De Manuel Ribeiro mat Detailer.