Komponist:in vum Mount
Jules Massenet (1842-1912)
De Jules Massenet ass de bedeitendste Komponist vun der franséischer Spéitromantik. Am Conservatoire zu Paräis studéiert hie bei zwee bekannte Komponisten, déi seng Musek staark prägen: de Charles Gounod an den Ambroise Thomas. Als Student gewënnt de Massenet 1863 deen immens begierte Kompositiounspräis Grand Prix de Rome.
Mä et ass eng gutt 20 Joer méi spéit, wou de Massenet sech zu engem vun de beléiftsten Operekomponisten entwéckelt mat Wierker wéi “Thaïs”, “Werther”, “Manon”, “Don Quichotte” an och Adaptatioune vu bekannte Romaner oder geschichtlechen Episodë creéiert. Dem Massenet seng éischter méi “depressiv” Stëmmung ass den Haaptgrond fir säin Hank zu sentimentalen a melancholeschen Themen an den Operen a fir säi musikalesche Stil.
De Manuel Ribeiro proposéiert e Portrait vum Komponist bei Geleeënheet vu sengem 175. Gebuertsdag.