Komponist:in vum Mount
Jules Massenet: E fréit Talent
12 min
De Jules Massenet ass als jéngste Fils an enger Famill vun 12 Kanner opgewuess a krut seng éischt Museksstonne bei senger Mamm. Duerch seng besonnesch Begabung fir d'Musek gëtt hie mat eelef Joer an de Conservatoire op Paräis geschéckt. Aus him sollt eng vun de wichtegste Figuren aus der Musekswelt a Frankräich ginn.
Während Komponiste wéi de Jacques Offenbach sech satiresch mat hirer Zäit auserneesetzen, beschäftegt de Jules Massenet sech mat sentimentalen, lyreschen Themen, woubäi him säi Gefill fir melodesch Finess an iwwerraschend harmonesch Tournurë beim Publique an der Kritik Erfolleg bréngen.
De Manuel Ribeiro proposéiert e Portrait vum Komponist bei Geleeënheet vu sengem 175. Gebuertsdag.