arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Den Arthur Honegger (1892-1955)
Den Arthur Honegger war e grousse Fan vum Johann Sebastian Bach. Kee Wonner deemno, datt de Schwäizer Komponist sech intensiv mat Oratorien, Kantaten a Psalme beschäftegt huet. Honegger ass kee copy-paste vu Bach, mee Sakralmusek an der Sprooch vum 20. Joerhonnert. “Le Roi David”, “Jeanne d’Arc au Bûcher” gehéieren zu de Meeschterwierker vum 20. Joerhonnert.