arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Arthur Honegger (1892-1955)
Eraus aus dër akademescher Glaskëscht, voll an d’Liewe sprangen – dat war d’Philosophie vum Groupe des Six, dee sech an den 20er Joren zu Paräis zesummegedoen hat. Georges Auric, Louis Durey, Germaine Tailleferre , Arthur Honegger, Darius Milhaud a Francis Poulenc: 6 Muséker, déi fir alles op waren, wat net onbedéngt de symphonesch Frack un hat. Si hunn den Alldag komponéiert - d’Musek am Café, den Jazz, d’Musek am Zirkus – an déi offiziell Musekszeen op d’Kopp gehäit.