arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Gioachino Rossini (1792-1868)
Haut gehéieren dem Gioachino Rossini seng Operen "Il Barbiere di Siviglia" a "La Cenerentola" zu senge bekanntste Wierker, wat bei den Uropféierunge keen hätt kéinte virausgesinn. Firwat waren déi éischt Opféierungen e Fiasko? A wat ass esou besonnesch un dësen Operen, déi haut ëmmer nach Dausende vu Leit begeeschteren? De Luc Boentges mat Äntwerten.